volldy unregistriert
|
|
Moien,
Hei ginn et mei Letzebuer wei en mengt!
Majo, waat ass dein ärd Lieblingszitat aus den Harry-Potter Bicher?
Ech hunn och nach keng letzebuesch Fanseit gesinn!Kennt vlait nach!
äddi,
volldy
|
|
21.05.2006 18:25 |
|
|
maumau
Schüler
Dabei seit: 29.12.2005
Alter: 31
Herkunft: Luxemburg, Wuelessen
|
|
mir missten d'Bicher einfach selwer e bessen iwwersetzen, giff dach bestemmt witzeg ginn
froen mech zwar vivill Lëtzeburger et hei sollen ginn.
Ass wirklich komech, datt et keng Fansite op lëtzeburgeg gëtt, d'lëtzeburger sinn jo awer genau sou vill fan vum Harry Potter wei dei Deitsch, d'fransosen etc.
huet een vun ierch msn?
jojo wess lo neicht mei ze schreiwen
__________________ Besuch den ->
|
|
23.05.2006 16:50 |
|
|
volldy unregistriert
|
|
also, et sinn awer e puur hei!komm mer schätzen emol!
ech soen 30!ech wees et zwar net...
Dann kommen mer erem op meng Fro zreck:
Hud dir en Lieblingszitat aus dem Buch Harry-Potter?
Oder wees en nach eng Fro dei en keint stellen?
Hud dir en Buch waat der besser fannt wei Harry-Potter?
giff mech iwwert eng äntfert freen!ciao
|
|
23.05.2006 18:45 |
|
|
maumau
Schüler
Dabei seit: 29.12.2005
Alter: 31
Herkunft: Luxemburg, Wuelessen
|
|
lieblings zitat ass
Die Unglaublichen Abenteuer des Alfred Kropp ass zwar net besser wei den Harry Potter awer weinstens genau sou gudd.
Et keint een froen, wei eng persoun een am leifsten huet am hp (bei mir den ron an hermine)
__________________ Besuch den ->
|
|
24.05.2006 16:25 |
|
|
volldy unregistriert
|
|
Gudd Idee!
Also, Waat ass ären Lieblingscharakter,weiblech+männlech?
Wei well dir dass den 7ten ophällt?
a fir weider Froen sinn ech ganz op!
ech giff mech iwwert Entferten freen!
|
|
03.06.2006 14:17 |
|
|
Fluffy_1 unregistriert
|
|
Salut!
also iert hei alles aschléift schreiwen ech dann léiwer eppes heihinner!
@volldy: meng weiblich Lieblingscharakteren nsin d Hermine an d Luna an main männlichen den Harry Potter, soss géif ech d bicher jo wahrscheinlich nit liesen *hehe*
Vum 7ten erwaarden ech mer wéinstens ee klengt happy end et muss jo och naischt iwwerdriwwen kitschiges sin.Mee ech géif mengen dat wier jo och nit zevill verlaangt!
Wen mengs du dann dass de Schluss ewerhaapt iwwerliewt?ech war nämlich bis lo iwwerzeegt dass de Ron géif stiewen mee am Moment sin ech mer do nit méi secher!
|
|
18.08.2006 16:35 |
|
|
volldy unregistriert
|
|
@Fluffy_1: Ass mol erem schein, dass een schreift...
Majo, ech giff mengen, dass et gudd keint sinn, dass den Ron steift, wees et awer net, vlait stieft och een vun den Proffen, awer ech mengen net, dass den Harry stieft, an den Voldemord mengen och net, mee mir kennen et jo reischt wessen wann d'buch erauskennt...
Freen mech och schon ob den Film...
P.s. Get et keng Letzebeuer mei hei?
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von volldy: 13.10.2006 19:40.
|
|
24.08.2006 17:55 |
|
|
Hermione Sparrow unregistriert
|
|
Hey salut!
Décke Wahnsënn, datt et hei sou vill Lëtzebuerger ginn!
Ech hu grad en neien Thread op Lëtzebuergesch opgemaach, an dann hunn ech iech hei fonnt!
@maumau: Du hues gesot, mir missten d'Bicher op Lëtzebuergesch iwwersetzen. Maja ganz einfach, beim éischte Band ass dat schonns geschitt!
Eierlech, ech léien net! Meng grouss Schwëster huet virun bal zwee Joer den 1. Band während 5 Wochen an der Summervakanz iwwersat a schafft elo um zweeten!
Den zweete Band heescht "Den Hary Potter an dem Salazar säi Sall" a meng Schwëster ass schon iwwert d'Halschent eraus, mee am Momen ass hat net do, dowéinst kann hat net weidermaachen!
Ech hoffen, dir halt mech net fir eng Lignerin, mee et ass alles wouer, wat ech gezielt hunn!
An ech géif mech déck freeën, wann der mer géift äntwerten!
Äddi!
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Hermione Sparrow: 08.11.2009 22:24.
|
|
16.06.2007 23:07 |
|
|
Quix unregistriert
|
|
Salut Hermoine Sparrow
also ech gleewen der, wats de sees
fannen just d'Tittelen vun deenen eenzelnen Bicher bessen komesch
ech geif et flott fannen, wanns du mer geifs dat eischt Kapitel schecken^^
bd
Luc alias Quix
|
|
16.06.2007 23:26 |
|
|
Hermione Sparrow unregistriert
|
|
Moie Quix!
Weess de, mat den Titelen, do hu mer doheem deck laang iwerluecht, wat een do kéint maachen. Fir den 1. Band hat mang Schwëster fir d'éischt eppes mat Philosophen, mee dat huet alles schiel geklongen, an dunn ass hat op dat Wuert Alchimist komm, wat jo usech och gutt ass, well den Nicolas Flamel jo n Alchimist war/ ass.
Beim 2. Buch war et nämlecht: um Ufank sou komesch Konstruktiounen wéi "Den HP an de Sall vum Béisen", an elauter sou Saachen, wat net gutt geklongen huet. Da si mer op des Iddi komm, mat dem Salazar sengem Sall, wat wéinst den Alliteratiounen gutt kléngt...
Hues du an dengem Profil deng e-mails Adress stoen? Da kéint ech dir dat 1. Kapitel per e- mail schécken, wann dat geet...
Dierf ech froen, wou's du wunns an a wéi eng Schoul de gees?
Ech kennen nämlech e Luc dee sou al ass wéi's du, mee ech weess net, op's du dee bass oder net...!
Ech wunnen zu Schraasseg (Gemeng Schëtter) a sinn am Fieldgen op 6e classique.
Mjo, géif mech déck freeën, wann's du mer zeréckschreiwe géifs!!!
bd
Hermione Sparrow alias Véronique ^^
|
|
17.06.2007 19:01 |
|
|
Quix unregistriert
|
|
Salut Véronique
ech schecken der meng Emailsadress iwwert PN da kanns de ma et dohinner schecken!
Luc
|
|
18.06.2007 17:17 |
|
|
Hermione Sparrow unregistriert
|
|
Hey Luc!
Ech hunn der gëschter the first chapter op deng mailadress geschéckt. Hoffen, et gefällt der!
Ziel dach mol eppes iwwert dech! Wat sinn deng Lieblingsbicher, -filmer, -charakter, -schauspiller...? Wéi eng Musék lauschters de? Wat sinn deng Lieblingsfaarwen an -déieren? Wat ëss de am léifsten? A wéi ee Fach an der Schoul hues du am meeschte gär? etc.etc.etc.
Ech weess, ech sinn mega virwëtzeg...
Et heescht jo ëmmer, datt d'Fraen stänneg alles wësse wëllen... A genee dat ass bei mir de Fall!
Mjo, bis dann!
Freeë mech schon déck op deng Äntwert!
Hermione alias Véro
|
|
19.06.2007 14:40 |
|
|
Hermione Sparrow unregistriert
|
|
Salut maumau!
Okay, da kriss du och d'1. Kapitel geschéckt! Herno huet dat ganzt Land alles gelies, iert d'Buch eraus ass...
Ech géif soen, du geess eng Zäitchen iert de Film eraus kënnt an den Utopolis bei e Guichet froen an do kriss de vlt eng Äntwert...? Sry, mir fällt näischt aaneschtes an...
bd a dk
|
|
19.06.2007 21:08 |
|
|
maumau
Schüler
Dabei seit: 29.12.2005
Alter: 31
Herkunft: Luxemburg, Wuelessen
|
|
merci, ass jo eng gud publicity =)
Naja mol kuken, rufen mol eng keier un, mol kuken waat se mer scheines zielen...
__________________ Besuch den ->
|
|
19.06.2007 21:22 |
|
|
|